De Renert


vum Michel Rodange

„Et wor esou ëm Päischten“ – ‚t stoung alles an der Bléi“, esou geet dem Michel Rodange säin an der zweeter Halschent vum 19. Jorhonnert geschriwwene „Renert“ un, dat bekanntest Wierk aus der Lëtzebuerger Literatur, zwar nom Goethe sengem „Reinecke Fuchs“ gedicht, awer mat enger schaarfer Analyse vun de Lëtzebuerger Zoustänn aus der deemoleger Zäit.

Hunn déi sech da bis haut geännert? Natierlech geet et de Leit elo besser, mä eis Gesellschaft ass weiderhin „ë Sak voll Kriipsen“ bliwwen, wou déi iewescht, déi ënnescht erdrécken.

Anerer kruten d’Auszeechnungen an d’Medaillen, de Michel Rodange ass Zäit senges Liewes eidel ausgaangen, obwuel, oder grad well, hien deen esou schaarfen Epos iwwert säi Land a seng Leit geschriwwen hat.

E Land, dat elo esou kë_DSC8645-001nstlech räich ass, wou lénks a riets potemkinesch Dierfer entstinn, Vandalen historesch Gebaier ewechrappen, Loyeeën an de Kaf vun Haiser net méi ze bezuelen sinn, eis Compatrioten an d’Grenzregiounen verdriwwe ginn vun der Geldgier, déi kee Fonke Schimmt ze kenne schéint. Banken, néierens ginn et der esou vill wéi hei, erpressen de Staat a seng Bierger an all Keeser, dee plakeg, wéi an der Seechen vum Hans Christian Andersen, deen ee vläicht als den Dänen hire Michel Rodange nenne kann, duerch d’Stroosse geet, kritt nogejaut, wéi schéi säi Gezei dach ass … well keen esou kéng ass dat ze soen, wat e gesäit, oder net gesäit … „deen ass jo plakeg“ rifft hannenno e Kand, wat dorops vu sengem färtersche Papp eng op de Bak kritt.

De Michel Rodange war ee vun deene couragéierte Lëtzebuerger am 19. Jorhonnert, hien huet (wéi de La Fontaine) d’Mënschen an Déierekierpere gestach, an do kann een am beschten a neutraalsten hir wierklech Ambitiounen erkennen.

„De Renert“ ass ë schaarfen a witzegen Text.

Den Akteur, Regisseur an Auteur Jean-Paul Maes, deem seng Theatertexter zënter iwwer 20 Joer der Gesellschaft e Spigel virhalen, spillt dësen Text, an all senge Rollen.

Den André Mergenthaler, deen, grad esou wéi den Textinterpret, zënter där nämmlechter Zäit, an enger permanenter Innovatioun d’Musek hei am Land an iwwert d’Grenzen nei interpretéiert, ënnermoolt deen aussergewéinlechen Owend musikalesch..

Presse

Luxemburger Wort – Et wor esou em d’Päischten

Tageblatt – Wäit vum Feier kann al ginn den Zaldot

Lëtzebuerger Journal – D’Mënschen an d’Déierekierper gestach

Le Jeudi – La ruse l’emporte