Wat d’Mécken denken


vum Jean-Paul Maes

De Rom an d’Béatrice wunnen um Duerf, Haus mat Gaart an am Summer natierlech vill Mécken. Duerfir hänkt de Rom iwwerall Méckefänker op. Esou vill, datt d’Béatrice mat den Hoer dru peche bleift. Et kënnt Besuch, de Pascal, dem Béatrice säin Amant, deen op e Nuechtiessen invitéiert ass, fir alles ze klären. De Rom kennt de Pascal aus dem Golfclub, wou hie sech als Schoulmeeschter heiansdo eng Grimmel friem fillt. De Pascal ass Entreprenner am Geescht vun engem dee sech eropgeschafft huet. Eng Relatioun mat him ass déi leschten Hoffnung fir d’Béatrice, dem Mikrokosmos vum Duerf vu sengem Mann ze entkommen. Hatt ass eng Kënschtlerin an der Keramik, déi sech verkannt fillt. An de Rom, ass e verkannte Schrëftsteller, deen daper géint säi Leed undrénkt. Et entsteet e Concours tëschend deenen zwee, wie méi verpasst huet am Liewen, deen an en impittoiablen Kampf geréit, wou een deen aneren zerstéiere wëll, fir seng Uspréch an der Riicht ze halen. De Pascal kënnt ënner Drock a gëtt säin Haass op d’Schoulmeeschteren zou. Ëmmer erëm philosophéiert de Rom iwwert d’Mécken, probéiert hinnen op de Grond ze kommen an identifizéiert sech leschtenenns mat hinnen, den Insekten vun der Zersetzung. An da gëtt et nach de Benny, de Fiss, deen iergendanzwousch am Haus lieft, 24 Joer al a komplett vernoléissegt …

E puer Pressestëmmen:

„La brillante interprétation de tous les acteurs, et particulier celles de Jean-Paul Maes, a été récompensée par de longs applaudissements bien mérités d’un public nombreux venus assister à la première de la pièce …“ (Christane Schlesser-Knaff „Luxemburger Wort“ 18.07.11)

„Wat d’Mécken denken ist ein Theaterstück, das Freunde moderner Beziehungsdramatik sich unbedingt ansehen sollten. Jean-Paul Maes ist ein überzeugender Stückeschreiber und setzt die Tradition von Pol Greisch fort, sich mit einheimischer Wirklichkeit auseinander zu setzen. …. In seinen Theaterstücken erforscht der Autor Maes sehr genau die menschliche Psyche und ihre Abgründe: Hass, Eifersucht, Rachsucht, Frust, verpfuschtes Leben. Dabei gewinnen die Protagonisten an Universalität in der Aussage. Die Analyse der menschlichen Psyche wirkt jedoch bei Maes sehr modern.“ (Pia Burggraff „Lëtzebueger Journal“ 20.07.11)

„Le spectacle, axé surtout sur les dialogues, précis et pertinents, qui dévoilent le cheminement intérieur, émotionnel, des protagonistes, est un défi pour la metteuse en scène Eva Paulin, dont le travail consiste à capter l’attention du public en accentuant certains moments clés, en faisant échouer les répliques sur des silences significants et en guidant les comédiens à créer sur scène des personnages vrais, empêtrés dans leurs conflits“ (Josée Zeimes „Le Jeudi“ 21.07.11)

„Neben den herausragenden schauspielerischen Leistungen besticht das Stück vor allem durch die kurzen, knappen Dialoge, mit oft messerscharfen Pointen. Ein Genuss!“ (François Bausch „Tageblatt“ 22.07.11) „Mä an engem Wuert wéi an Dausend: e bessert Stéck wéi „d’Mecken“ hätt een dem Stengeforter Festival fir säin 20. Gebuertsdag net wënsche kënnen.“ (Marc Linster „Notizblock RTL“)

Regie a Bühn: Eva Paulin mat: Jean-Paul Maes, Mady Durrer, Jean-Paul Raths

Presse

Stengeforter Theaterfestival – Wat d’Mécken denken

Tageblatt – Interview – Von Mücken und Macken