De Wollef kënnt heem


vum Raoul Biltgen

Et ass ee klengt Duerf, iergendazwou zu Lëtzebuerg, dat de Raoul Biltgen (ee vun deenen interessante Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen an Eisterräich, wou hie lieft schonn en etlech Kéieren op sech opmierksam gemaach huet) fir séng Kriminalgeschicht gewielt huet.

Siwen Deeg an een Epilog.

_DSC1330-001Ni huet sech eppes verännert vun un, datt sech d’Marieanne, den Honoré, de Claude an d’Jeanne erënnere kënnen. – Mee da kënnt dee Kärel an d’Duerf. Hie stéiert d’Rou. Datt hien eng wëlles huet, dovu gi si aus. Wat geschitt wann al Wonnen nees opbriechen? Wat wëll hie vun hinnen? Ass hie vläicht erëm komm fir eng Revanche ze huelen? Aus all deem Mësstrauen erwächt hien op eng Kéier eng Hoffnung. Geschwënn gëtt hien als den Emil Wolf erkannt, ë Jong aus dem Duerf, dee viru laanger Zäit aus net ganz geklärte familiäre Grënn (eng soen esou, déi aner esou, séng Mamm haat sech op alle Fall erhaangen) fortgaangen ass, an d’Ausland, wou hien, wéi et schéint, vill Fric gemaach huet. – Hie léisst eng Visioun vu wonnerbarer Verwandlung opkäimen. Laang vergiesse Gefiller vu Léift a stënterlechem Räichtum erfëllen d’Häerzer vun den Duerfleit. Si erlaabe sech méi oder manner virsiichteg mat him ze dreemen, mee d’Realitéit vun hiirem bekannte montonem Alldag gehäit si erëm zeréck. Net laang a si erwächen, an hiir Ängscht projezéieren Bedreeung a Ruin op déi schéin Illusiounen. Et fällt hinne vill méi liicht sech d’Ongléck virzestellen, wéi hiirt Weltbild ze veränneren. – Eng radikal pragmatesch Solutioun schaaft op eng Kéier eng Solidaritéit ënnert hinnen, déi et virdru ni esou gouf.

am KALEI

De Wollef, deen alles esou duercherneen gerëselt huet … muss ewech … Mee wéi?

De „KALEIDOSKOP-THEATER“ huet sch bei sénger Grënnung virgeholl ënnert anerem nei Lëtzebuerger Bühneliteratur a Commande bei eisen Auteuren ze ginn. De Raoul Biltgen, vum deem en etlech Stécker ewell am Ausland opgefouert goufen, dierft fir deen een oder aneren Theaterfrënn hei zu Lëtzebuerg awer nach eng Entdeckung bedeiten – an, wéi mir mengen, eng ganz besonneg._DSC1395

Och d’Distributioun ass eng extravagant mat deenen zwee fréieren Theaterdirekteren Philippe Noesen a Marc Olinger, déi mat deem aktuellen künstleresch Leeder vum „KALEIDOSKOP“ Jean-Paul Maes an deene männlechen Haaptrollen ze gesi sinn, dem Mady Durrer an där enger an deem jonke Larisa Faber, där anerer weiblecher Happtroll, wéi dem Nowuesschauspiller Max Gindorff (schonn an „Die Leiden des jungen Werther“ am KALEIDOSKOP dës Saison ze gesinn) an enger weiderer Roll.

D’Mise-en-Scène ass vum Eva Paulin, wat an deene leschte Joeren ëmmer erëm mat ganz vill Erfolleg nei Lëtzebuerger Stécker kreéiert huet.

Regie: Eva Paulin
mat : Philippe Noesen – Marc Olinger – Jean-Paul Maes – Mady Durrer – Larisa Faber – Max Gindorff

Presse

Tageblatt – Meisterstücke auf der Bühne

Luxemburger Wort – De Wollef kënnt heem

Woxx – Lëtzebuerger Bauernposse