De Rousegaart


vum Jean-Paul Maes

Den Alain féiert de Jacques, deem hien ë blot An an engem CD-Buttek geschloen huet, bei sech an de Rousegaart, an enger roueger Géigend, wäit ewech vun all Hektik a Gefor. Hie behaapt de Jacques ze kennen vu fréier, wourunner dee sech awer net méi ze erënnere schéint. Mee et gëtt eng Verbindung: de „Micro d’Or“ ë Gesangsconcours, deen zu Lëtzebuerg an de 70er Joeren ausgedroe gouf, fir nei Talenter ze entdecken. Hei huet de Jacques sech als Manager opgespillt, ouni, wéi sech elo erausstellt, dat wierklech professionell gewiescht ze sinn. Hien hat am Haaptberuff en ambulante Buttek mat italienesche Poschen, aus deem elo säi Schwoer eng Goldgrouf mat ë puer stabille Geschäfter uechter dat ganzt Land gemaach huet.

Un all dat wëll de Jacques sech awer net méi erënneren – an den Alain huet op déi Renconter higelieft, well seng Fra Josiane a sengen Aen eng grouss Hoffnung gewierscht wier fir dee „Micro d’Or“ ze gewannen, eng Schlagercarrière ze maachen, amplaz hiert Liewen mat him an deem Gaart hannert deene wonnerbare Rousen ze verbréngen, déi, wéi hie seet, vu sengem Schwéierpapp a Stand gehale ginn. Den Alain wëll do, wou si an hirer Jugend opgehalen hunn, enger Jugend, déi scho vun biergerlechem Eenerlee gepléischtert wor, nees usetzen … wat jo esou guer net méi méiglech ass. Awer hie wëll dat, egal wat et kascht, mengt als fréipensionéierten Conservatoirsprof an der Trombone, dat kompenséieren ze kënnen, wat seng Fra wuel u senger Säit verluer huet. Esouguer wier hie bereet dem Jacques d’Josiane ze iwwerloossen … fir gewësse Stonnen, well un ë wierklecht Verléieren vu senger Fra schéint hien, deen ëmmer onbehollef a voller Aengschten virun den Erausfuerderunge stoung, keen Ament ze gleewen.

An de Jacques, deen op d’An Geschloenen … ass bei deem Coup vun eppes ganz anescht ausgaangen. Säi Liewen hat sech grad esou verluer, wann och op engem aneren Terrain, wéi dem Alain säint. Enges Daags hat hien, alkoholiséiert, mam Auto eng Ofspärung iwwersinn …

Esou waarden déi zwee op d’Josiane, waarde laang, verziele sech hier Angscht an Hoffnungen, waarden a waarden an dann … kënnt ee ganz aneren, mat deem kee gerechent hat, an deen och, wéi den Alain mengt, näischt do verluer huet.

An de Stécker vum Jean-Paul Maes sichen d’Personnagen meeschtens no enger verluerener, oder ni erreeschtener Existenz. DE ROUSEGAART ass ë sarkastescht Stéck iwwert de Versuch ze iwwerliewen an enger Idylle, ronderëm déi esou villes ganz anescht a vun de Protagonisten onbemierkt sech geännert huet. E Mikrokosmos, vun deem kee weess, wat sech wierklech ronderëm ofspillt, well och keen dat wësse wëll … bis op eng Kéier … Oder kritt een d’Lach an der Rousenheck dann awer nach gestoppt?

Regie: Jean-Paul Maes

mat: Marc Olinger – Mady Durrer – Al Ginter – Raoul Albonetti

Presse

Luxemburger Wort – Pas de rose sans épins

Tageblatt Online – Keine Rose ohne Dornen

Woxx – Verpasste Chance