Dräi Faarwen


vum Roger Seimetz

D’Boma Finni kritt haut 100 Joer an hir Urenkelin Sophie wëll hir ee schéinen Owend mat ville Gäscht am Beetebuerger Schlass schenken. D’Leit gi vum Sophie an dat Evenement agefouert, wat eng Surprise fir d’Boma gi soll, well si nach näischt weess. Nieft Kuch a Schampes huet d’Sophie och nach ë Relax fir d’Boma besuergt, deen hir awer net direkt gefält … mee, no kuerzem Zécken setzt si sech schlussendlech dran, an et geet. Well d’Boma fir hiren Alter nach fitt ass, huet d’Sophie en etlech Lidder preparéiert, déi si, oder och hatt, sange sollen. Et soll ee schéinen, lëschtegen Owend ginn, mat Musek an Erzielungen aus där gudder aler Zäit. An et geet och harmlos un, d’Sophie, eng jonk Architektin, weess eppes iwwert déi urbanistesch Geschicht aus dem Gebuertsjoer vun der Boma bäizedroen, wat si ergänzt … a.e.w. … mee mat der Zäit mierkt een, datt d’Boma ee net erwaartend Bild vun de Joeren virum an direkt nom 2. Weltkrich hei zu Lëtzebuerg moolt.

De Roger Seimetz ass ee vun deene wichtegste Lëtzebuerger Historiker, virun allem ee vun deenen, déi net hannert dem Bierg halen mat der Wourecht, iwwert eng Zäit, vun där een d’Impressioun huet, datt ganz vill ënnert den Teppech gekiert gouf. Virun ë puer Méint huet den „Artuso-Bericht“ iwwert d’Lëtzebuerger Verwaltung an der Okkupatiounszäit, oplauschtere gelooss. „3 FAARWEN“ ergänzt a verschäerft dëse Bericht nach. Et ass dem Auteur ee Wierk geroden, wat onbedéngt all Lëtzebuerger, dee wësse wëll, op watfir Féiss eis haiteg Demokratie wierklech opgebaut ass, muss gesinn.

Déi wonnerschéin Lidder huet de Balli Baldauff arrangéiert.

An der Mise-en-Scène vum Jean Paul Maes spillen : Mady Durrer a Rosalie Maes.

Virstellungen:

27.11.2015 am Kultursall zu Steesel
17.02.2016 am Artikuss zu Zolwer

Presse:

Lëtzebuerger Journal – Rollenspiel

Luxemburger Wort – Déi gutt al Zäite vu Lëtzebuerg