Déi aner Halschent


vum Jean-Paul Maes

Den Hengen stoung bis ewell ganz gutt am Liewen a koum mat deene Groussen mat. Hien haat sech bei si eropgeschaafft … bis op eng Kéier, bal vun engem Moment op deen aneren, wuel duerch iergendee Feeler, deen him awer net opgefall ass, alles geännert huet.

Eng nei SituatiounDSC_3231 huet séch a säi Liewe geschlach, net op ee Coup, gouf och ni esou richteg vun engem mam Numm genannt, ass awer do, weist séch eendäiteg, hien a séng Famill sinn op eng Kéier net méi opgeholl an där Gesellschaft an där si séch dach esou gebuergen an interessant gefillt hunn. Domat gëtt hien net eens, hie probéiert sech op enger ofgeleeëner Plaatz ze erhänken, zéckt awer virun deem finale Sprong an säi Strack … do kënnt, komplett onerwaart nach esou just op dee leschte Stëppel, ee Strummert getierkelt a fällt him virun de Stillchen op deem hie steet, bleift leien, gëtt keen Zeeche méi vu sech …

Den Hengen kann dat natierlech net ignoréieren, fillt séch op dëser Plaatz, wou hien guer net op ierendeng aner Mënscheséil gefaasst wor, gestéiert, well hie sech elo ëmt dee Gefaalenen këmmere muss. An do erlieft hie séng éischt Iwwerraschung, wou deen hien, aplaatz vun engem Merci, accuséiert hien iwwerfall a geschloen ze hunn. Et entseet ë Sträit ëmt déi Plaatz, wou si séch ophaalen, déi Plaatz, déi wuel jidferee vun hinne séch als séng lescht erausgesicht huet. Den Hengen schéint deen aneren, dee sech als Demi (deen Halwen) him virstellt, net méi lass ze ginn. Den Demi proposéiert him, säi Suicide ze filmen, op Youtube ze setzen, doraus Profit ze schloen … Op eng Kéier gëtt keen deen anere méi lass.DSC_3413

Den Demi behaapt dem Hengen séng aner Halschent ze sinn … wat dee séch am Ufank guer net virstelle kann … Scho guer net méi, wou dat jonkt Tammy opdaucht, mat deem eenzege Liewesziel de BMI vum Heidi Klumm ze toppen, enges Dags grouss eraus ze kommen an där Welt … an där den Hengen jo schonn iergendwéi Fouss gefaasse haat …. D’Tammy geet wäit fir dat ze erreeschen, ësst nëmme nach Yoghurt mat Kréijelen …

Ass den Demi eventuell deen eenzegen, deen nach de normalen Duerchbléck huet? Séng Manéier ze liewen, déi eenzeg méiglech … Oder wien ass hien? Déi aner Halschent, vu wiem – vu wat?

De Jean-Paul Maes ass ee vun deene Lëtzebuerger Auteuren, déi an deenen leschten 25 Joer eis Bühneliteratur bestëmmt an hier eng radikal Verännerung verpasst hun. Mat vill Humor a béisem Sarkasmus stellt hien déi Existenz, déi mir bei eis als dacks esou eng onverdächteg wëlle gesinn, an en anert Liicht.

Regie a Bühn : Eva Paulin
mat: Jean-Paul Maes – Claude Faber – Frédérique Colling

Theater Esch:
04.04.2017 – 20:00

 

 

Schlass Beetebuerg:
13.04.2016 – 20:00

19.04.2016 – 20:00
24.04.2016 – 17:30

Nëssert Biergem:
15.04.2016 – 20:00
16.04.2016 – 20:00
17.04.2016 – 17:30

DSC_3271-001DSC_3645