En ausgetrëppelte Schong


Pressestëmmen:

Mat aussergewéinlechem dramaturgesche Geschéck gräift den Auteur d’Flüchtlingsproblematik, d’Klimakris an de weltwäiten Ecart tëschent Aarm a Räich op. Den Haaptmessage: Net ewechkucken, och wann et schwéierfält.“ (Christine Lauer, Tageblatt)

„Dem Jean-Paul Maes säi Stéck „En ausgetrëppelte Schong“ ënnert der Regie vum Fabio Godinho an där héich expressiver, psy­chologesch iwwerzeegender a facetteräicher schauspillerescher Interpretatioun vun Nora Koenig a Marc Baum iwwerzeegt jiddefalls ouni Restrictiounen op der ganzer Linn, an e Besuch am „Kaleidoskop-Theater“ am Beetebuerger Schlass lount sech deemno och onbedéngt.“ (Jeff Baden, Luxemburger Wort)