Renert


vum Michel Rodange

„Et wor esou ëmt d’Päischten – ‚t stung alles an der Bléi“, esou geet dem Michel Rodange säin an der 2. Halschent vum 19. Jorhonnert geschriwwene RENERT un, dat bekanntste Wierk aus der Lëtzebuerger Literatur, wat déi deemoleg Zoustänn schaarf analyséiert.

Geännert huet sech leider … näischt. Eis Gesellschaft ass weiderhin „ë Saak voll Kriipsen“, wou déi iewescht, déi ënnescht erdrécken.

D’Eva Paulin inszenéiert fir den 140. Doudesdag vum Michel Rodange de RENERT, dee scho virun 4 Joer mat vill Succès vum KALEIDOSKOP produzéiert gouf, mat där selwechter Besetzung, nei, speziell fir d’Bühn vum Beetebuerger Schlass konzipéiert.

Regie: Eva Paulin

mat Jean-Paul Maes (Text) – André Mergenthaler (Musék)